![]() |
Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789. |
An der Nuecht vum 4. August 1789 gouf am revolutionäre Frankräich en Dekreet opgestallt, fir d'Härerechter ofzeschafen.
Den 3. August 1789 huet den Herzog vun Aiguillon am Club Breton virgeschloen, d'Härerechter ofzeschafen. Den Dag drop um Enn vum Owend huet de Vicomte vun Noailles der Assemblée Nationale virgeschloen, d'Privilegien ofzeschafen, fir nees Rou an d'Provënzen ze bréngen. Den Herzog huet no der Gläichheet vun alle bei de Steiere verlaangt, souwéi datt een d'Feudalrechter ofkafe kéint.
An enger onbeschreiflecher Ambiance hunn de Vicomte vu Beauharnais an de Bëschof vu La Fare ëmmer nach een drop gesat a wollten d'Banalitéiten, d'Pensiounen ouni Titel, d'Juridictioun vun den Hären, d'Recht op Juegd an d'Privilegië vum Klerus mat ofschafen. De Lally-Tollendal huet d'Séance ofgeschloss andeems hien de Louis XVI. als « restaurateur de la liberté française » genannt huet. An enger Nuecht ass de ganze Stännersystem zesummegefall.
An den Deeg duerno huet de Klerus versicht, op den Ofkaf vun der Dîme zeréckzekommen, mä de President vun der Assemblée, de Le Chapelier, huet nëmmen Diskussiounen iwwer d'Form zougelooss, um Inhalt sollt sech näischt méi änneren. D'Dekreter vum 4. August goufen effektiv den 11. opgesat.
De Louis XVI. huet dem Bëschof vun Arles geschriwwen:
De Kinnek huet den Dekreter eréischt gezwongenermoossen de 5. Oktober zougestëmmt, an et war eriwwer mat de Privilegië vum Klerus, vum Adel, vun de Kierperschaften, de Stied, de Provënzen asw.
© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search